"No-nonsense" Berodung vun erfuerenen Experten - personaliséiert Servicer an nohalteg Léisungen
Values
UnCompromising
Honesty
True
Expertise
No
Nonsense
D'basis Approche vun eiser Aarbecht ass absolut Éierlechkeet vis-à-vis vum Client. Mir soen wat eis Erfahrung no de Client héieren muss, net wat de Client wëll héieren.
Eist Wëssen baséiert op der Experienz déi mir als Manager an Entreprisen an verschiddenen Branchen a Kulturen iwwer e puer Joerzéngte gewonnen hunn.
Pragmatesch a richt eraus - mier schwaetzen net ronderem den Brei a packen d'Problemer un.
Expertise
Duerch eise Portfolio un Kärkompetenzen kennen mier Iech zielgerecht hellefen. Jidferen vun eisen Experten huet einschlägeg Erfahrungen an sengem Fachbereich an huet des erfolegreich an der Praxis an Betriber emgesat.
GENERAL MANAGEMENT
Déi meschten Experten aus eisem Team haten Direktiounsposten an verschidden Firmaen, Branchen, Länner an Disziplinen.
Engineering &
Innovation Management
Mir hunn Experten déi d'Entwecklungsdepartementer geleet hunn, Innovatiounsprozesser implementeiert hunn
an mat der Verwaltung vun Ingenieursdepartementer vertraut sinn.
Project &
Program Management
Projet a Programmmanagement sinn Haaptkompetenzen an eisem Team.
Mir hunn Joerzéngten Erfahrung an eng strukturéiert Approche.
Mir benotzen Prince2 an Agile Methoden.
Leadership &
Coaching
Duerch vill leedend Fonktiounen an Manager Positiounen hu mir eng grouss Erfahrung am Personalmanagement an Entwécklung.
Mir kennen all d'Facette vun desem Beraich - vum Anstellen, iwert Personalentwécklung bis zur Firmengestioun.
Lean Management
Am LEAN Beräich hu mir Experten déi laang a praktesch Erfahrung hunn. Sie wessen op wat et ukennt fir d'Effizienz an Entreprisen ze erhéijen.
Vill Studiereesen a Japan an aktiv Kontakter zu verschiddenen LEAN Guruen
erlaben eis emmer um leschten Stand ze sin.
Corporate Governance/
Risk Management
Eis Kompetenzen sin am Beräich vun der Grennung a Gestioun vun Beiräten, Verwaltungscomitéen a Verwaltungsrot fir d'strategesch Gestioun vun enger Firma.
INSEAD Trainingen bilden d'akademesch Basis a gin Hand an Hand mat aktive Mandater an Entreprisen. Am intégreierten Risikomanagement hunn mir
vill Joer Erfahrung an eng zolid Formatioun. Mir huelen och aktiv un ILA Veranstaltungen deel.
Mir hunn erfahren Chefen vun IT Departementer an Experten an eisem Team. Eis Experienz geet vu global multinationalen Implementatiounen
iwert extensiv digital Transformatiounen, iwert technesch Koordinatiounen bis zur Creatioun vun komplexen Interfacen.
TrAxxion ass och Member vum ICT Cluster.
Digital & IT
Eist Netzwierk emfasst Experten dei an internationalen Firmaen geschafft hun an do leedend Positiounen haten.
Mir wessen wat et bedéit eng Käschtenstruktur positiv ze beanflossen.
Supply Chain
Eis Experten hun eng laangjähreg Erfahrung an der Leedung an Optimisatioun vun Produktiounsanlagen an engem internationalen Emfeld
an mat verschiddenen Standorten. Mier hun Erfahrung mat der Leedung an Afeierung vun 4.0 Projeten, mir hun dei noutwendeg Technologie Partner
an Relatiounen zum Digital Innovation Hub.
TrAxxion ass och Member am Cluster Manufacturing.
Production Management
& Industry 4.0
Verkafs-Approche, -Prozesser a -Strukturen sin laangjähreg Praxis an eisem Netzwierk.
Mir sinn am nationalen an am internationalen B2C an B2B Secteur doheem.
Sales &
Business Development
TrAxxion is accredited for the Fit4Sustainability program. The objective of the program is to help companies assess and reduce their environmental impact in order to decrease costs, improve their reputation and gain new clients who value a sustainable approach.
Services
Op Basis vun eise Kernkompetenzen bidden mier iech folgend typesch Servicer un. D'Lëscht ass exemplaresch, well eis Approche ass ëmmer eng personaliséiert fir Iech an Är Erausfuerderung. Wann Dir méi detailléiert Informatioune braucht oder Referenze froe wëllt, bieden mier Iech eis ze kontaktéieren.
Mir sin en akkreditéierte Partner zënter dem Start vun dësem Luxinnovation-Programm zu Lëtzebuerg. Dës Projeten starten ëmmer mat engem Inventar a presentéieren duerno e Plang fir Är digital Transformatioun , déi op Är spezifesch Situatioun ugepasst ass, ëmzesetzen oder ze accélereiren. Natierlech maache mir och gréisser digital Transformatiounen déi net an den Kader vun F4D falen.
www.fitfordigital.lu
Fit 4 Digital/
Digital Transformation
Mier sin seit 2015 Partner zu Letzebuerg fiir des Zort vun projeten duechzefeiren.
Fit 4 Innovation
Betriber vun enger Generatioun un déi nächst weiderzegin ass keng einfach Aufgab. Mir begleeden a beroden Iech als neutrale Partner mam Zil de Wäert vun der Firma ze halen an d'Bedierfnesser vun allen Bedeelegten ze verstoen an hinnen esou gutt wéi méiglech Rechnung ze droen. Well dëst Thema dacks emotional a familiär Aspekter enthält, ass et wichteg de Prozess nüchtern ze guidéieren an déi richteg Froen zu der richteger Zäit ze stellen.
Generation Change
Extern oder intern Ëmstänn kënnen eng Firma a schwiereg Situatioune brengen an no enger fundamentaler Restrukturatioun oder Ëmbenennung verlangen. Op Basis vun engem intensiven 360 ° Inventaire an Ärer Firma, kënnen eis Experten, mat hierer Erfarung, e Plang virschloen fir Är Firma erëm op de richtege Wee ze kréien. Natierlech begleeden mir Iech dann bei der Ëmsetzung .
Restructuring
Dank eiser Joerzéngten Erfarung am Projet a Programmmanagement, kënne mir Iech eng ganz Rei Servicer bidden.
Mir kënnen Iech hëllefen bei der Gestioun vun eenzelne Projeten, iwert d'Strukturéiere vu strategesche Programmer, iwert d'Formatioun vun Äre Projektparticipanten bis zu enger kompletter PMO Organisatioun.
Mir ginn dacks gefrot fir schlecht lafend Projekter ze "retten" oder fir komplex Programmer ze gereiren.
Project- &
Program Management
Hei kennen Firmstrategien mat verschiddenen Approchen entwéckelen an formaliséieren. D'Basis fir erfollegräich eng Firma ze bedreiwen ass hir Strategie. Mir hëllefen Iech Är Strategie z'entwéckelen, formaliséieren an weider ze entwéckelen. Well d'Ressourcen ni onbestëmmt verfügbar sinn, ass et essentiell geziilte Projeten ze definéieren fir dës Strategie effizient ëmzesetzen.
Strategy Development
& Execution
Mir bidden Audits an villen Beräicher un: Prozesser, Projet Struktur, Organisatioun, Risiko ... Mir féieren och reegelméisseg "net-finanziell"
Firmenvaluatioune duerch, well de Wäert nëmmen a limitéierten Ausmooss vun de finanziellen
Indikatoren kartéiert ka ginn: mir considéreiren dannd'Clientestruktur, d'Versuergungskettenrisiken, d'Personalstruktur, d'Produktiounsmaschinnen a Prozesser.
Mir kënnen Iech op eng Zertifizéierung virbereeden, Audits ausféieren, awer och eng Weiderentwécklung mat Iech maachen - an de Normen
ISO 9001, 14001, 45001, 17020 an 17024.
Audits /
M&A due dilligence
Mir kënnen iwergeourdnet Gestiounsorganer ,fir d'strategesch Gestioun vun Ärer Firma, entwéckelen an aféieren - Beirat, Kontrollinstanzen oder Familljerät. Mir bidden och d'Servicer vun enger zertifizéierter, onofhängeger Kontrollinstanz.
Mir sinn och Member vun der ILA.
Independant
Directorship
Dank eisem Wëssen a relevanter Erfarung an verschiddene Filialen an Industrien, kënne mir Är Produktioun op "Verschwendungen"
hin analyséieren an d'Produktiviteir erheichen.
Kaizen Audits &
Workshops
Mir bidden Training a verschiddene Beräicher vun eise Kernkompetenzen un z.B. Projektmanagement, Risikomanagement, Strategieentwécklung, Leedung… ..Perséinleche Coaching ass och Deel vun eiser Offer - an Ärer Mammesprooch, natierlech.
Traxxion ass e Partner vum House of Training fir "personaliséiert Trainingen" zënter 2019.
Personalized Coaching
& Training
“The booklet is an excellent guide providing practical help for leaders of companies as well as for project managers"
Volker Neuber - Managing Director
(Ettlinger Kunststoffmaschinen - Germany)
Digital Solutions
Fir déi digital Transformatiounen ëmzesetzen brauch en dei entspriechend Tools. Mir hunn iwwer Joerzéngte mat enger grousser Villfalt vu verschiddene Software geschaft. Als Resultat kënne mir qualifizéiert Léisungen fir Är Erausfuerderunge recommandeiren an Iech bei der Ëmsetzung als eegestännege Projektmanager hëllefen. Mir recommandeiren nëmmen Software déi mir kennen an eis vertraut sin.
Déi féierend Produktiounsplanungssoftware aus Japan, mat engem Maartundeel vun iwwer 60%, ass fäeg all Är Prozesser an Uerderen holistesch ze kartéieren, inklusiv extern Prozesser a Versuergungsketten.
Asprova enthält och e separate Modul fir komplex Logistik ze plangen.
www.asprova.eu
Production Planing
Et gëtt net den EEN 'Warenwirtschaftssystem' fir all Applikatioun. Ofhängeg vun Äre Bedierfnesser kënne mir einfach Lasten erstellen fir dann déi geziilt Léisung ze fannen. Mir setzen eis virun allem op Ubidder aus der Groussregioun - den direkte Kontakt ass fir eis ganz wichteg.
ERP
Eng strukturéiert Gestioun ass nëmme méiglech mat de richtegen an zouverlässegen Zuelen, déi Iech erlaben relevante Berichter ze kreéieren an einfach analytesch Opzeechnungen z'erméiglechen. Mir schaffen mat lokalen Software Ubidder, déi mir e puer Joer kennen an deenen hir Besëtzer mir perséinlech kennen.
Mir sinn am nationalen an am internationalen B2C an B2B Secteur doheem.
Accounting
Vill Entreprisen hu schonn eng grouss Zuel vun digitale Léisungen. Wéi och ëmmer, et gëtt dacks de Problem datt et schwéier ass Informatioun strukturéiert ze geréieren oder relevant Informatioun op eng einfach Manéier ze liwweren. Intelligent Informatiounsmanagementsystemer (IMS) kënne multiple Einträg oder d'speicheren vun nämmlechten Informatiounen un verschidden Stellen evitéiert . Zousätzlech kann esou e System mat existéierende Systemer kommunizéieren.
Document Management
Keng kommerziell Entreprise kann ouni Uerder iwwerliewen. Strukturéiert Verkafsmanagement ass dofir wichteg. Ufroen qualifizéieren, se prompt veraarbecht, Offeren richteg verwalten an e professionnelle "Follow up" maachen ass vill méi effizient mat engem passenden digitale Tool. Zousätzlech kënnen haut Cloud-Léisungen benotzt ginn fir dem Baussendengscht Matarbeschter vill Informatioun ze ginn fir méi effizient ze verkafen - op dessem Wee kënnen se och Informatioune anbrengen an esou d'Verkafsteam besser verwalten. Mir sinn am nationalen an am internationalen B2C an B2B Secteur doheem.
CRM
Natierlech brauch all Firma adäquat Bürosoftware. A ville Fäll sinn d'Méiglechkeeten vun de Standardpakete, z.B. MS Office, net optimal genotzt, well verschidden Elementer einfach net bekannt sinn an vläicht de falschen IT-Setup gewielt gouf.
Dank eiser Erfahrung mat Office 365 an den Tools, déi domat zur Verfügung gestallt ginn, wéi OneDrive, Notes oder Teams, kënne mir Iech hëllefen, méi effizient mat einfache Mëttelen ze schaffen.
Office Software
Team
Eis Equipe besteet aus Leit déi all Experten an hire jeweilege Felder sinn. Mir kennen eis géigesäiteg, schaffe gär mateneen an deelen déiselwecht Wäerter. D'Basis vun eiser Kooperatioun ass géigesäitegt Vertrauen a Respekt an mier wellen eise Client zu nohaltege Succès féieren. D'Kernteam vun TrAxxion kennt sech zënter méi wéi 20 Joer an konnt doweinst vill gemeinsam Experienzen an Erfahrungen sammelen. Zousätzlech huet TrAxxion e Team vu méi wéi 15 aner Experten déi selektiv benotzt ginn. TrAxxion mécht net "Boddy Shopping" mee gesäit sech als e Familljebetrib de Berodung ubitt. Mir setzen ëmmer déi bescht Experten op Äre Problem a garanteiren datt et esou bleift wa mier bis zesumme schaffen.
+352 621 374538
De Mark huet méi wéi 30 Joer Erfahrung am Portfolio-, Programm-, Projet- a Service- Management am IT Secteur, souwéi an der petrochemescher, Fabrikatioun aan an Finanzfirmen. Hien huet en Diplom als Maschinenbauingénieur an als Businessmanager.
De Mark schwätzt fléissend Hollännesch, Däitsch, Franséisch an Englesch an lieft zënter 1995 zu Lëtzebuerg.
Mark Notschaele
+352 691 832503
De Sven huet en Diplom als Maschinenbauingénieur a konnt en MBA Training bei führenden Institutiounen genéissen. Hien ass e zertifizéierten, onofhängegen Verwaltungsrot vun INSEAD.
De Sven huet technesch, kommerziell a Managererfarung an Europa, Asien an Nordamerika gesammelt. Hien schwätzt fléissend Däitsch, Franséisch, Hollännesch, Englesch a Lëtzebuergesch.
A senger Fräizäit fiert hien bei klasseschen Autosralleyen mat.
Sven Mertes
+49 175 1690814
De Stephan huet iwwer 20 Joer Erfahrung am Kaizen an am Leanmanufacturing souwéi am allgemenge Firmenmanagement. Säin Fokus leit op Prozessanalyse an Prozessoptimiséierung, souwéi wéi op der Aféierung vun Produktiounsplangsystemer bei Fabrikatiounsentreprisen, déi vu klenge Familljebetriber bis zu groussen Entreprisen an der Prozessindustrie gin. De Stephan huet en Diplom als Maschinenbauingénieur a schwätzt Däitsch, Franséisch, Englesch a Spuenesch. Nieft senger Arbecht an den Berodungen, backt de Stephang gären Brout an élaboreiert rafffinéierte Bak a Grill Rezepter.
Stephan Klang
+49 171 6840973
De François huet en Diplom als Maschinenbauingénieur an huet laang am Ausland geschafft. Säin Fokus leit op allgemenger Gestion d'entreprise, Produktiounstechnologie an Innovatiounsmanagement. Hien designed gären Prozesser a klenge a grousse Firmen a féiert 5S Approche an. Hie schwätzt Däitsch, Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch. Seng aner Passiounen sinn sein Land Rover Defender, op d'Juegd goen an Tennis spillen.
Francois Styga
Our Story
D' Iddi fir TrAxxion ass entstanen, wéi de Mark an de Sven e strategesche Projet am Joer 2004, fir den deemolegen Weltmaartleader vun Handyen NOKIA gelet hun. Béid hun séier realiséiert wéi vill Dir duerch pragmatesch Approchen, eng kloer Strategie an en effizienten Projektmanagement kënnt erreechen. Vun dëser Iddi hunn déi zwee dunn d'Wäerter an d' Approche "non nonsense" , wat TrAxxion haut nach ausmecht, definéiert.
2007 ass de Marketing vun TrAxxion mat éischte Consultant's Commanden am Beräich vum Projektmanagement gestart. No e puer ganz interessante Restrukturatioun vu klengen a mëttelgrousse Betriber, ass d'Buch "Zero Vector Mode Challenge" am Joer 2013 verëffentlecht - e pragmatesch Resumé vun eiser "no-nonsense" Approche. Nodeems mir den Innovatiounspräis vun der Handwierk mat eisem Client Luxforge fir "Ugewandte Lean Management an enger mëttelgrousser Firma" an d'Akkreditéierung mam Fit4Innovation Partner am Joer 2015 gewonnen hunn, konnte mir ons erfollegräich weider entwéckelen.Duerch d'Zesummenaarbecht mat verschiddenen Industrie 4.0 Projeten, den Zougang zum Fit4Digital Programm an de Partenariat mat Asprova 2018, ergänzen mir eis Servicer mat enger ëmfangräicher digitaler Komponent. Mir sinn och houfreg vun de gudde Relatiounen, déi mir mat enger grousser Villfalt vun Institutiounen an der Groussregioun hunn (Luxinnovatioun, Ost Belgien Invest, House of Training, ... fir nëmmen e puer ze nennen), well mir kënnen d'Bedierfnesser vun eise Clienten un Sie weiderginn.
​
Mir freeën eis op ons weider Entwécklung.
We'd love to hear from you
GET IN TOUCH
Wann Dir Froen hutt oder eis kontaktéiere wëllt, da schreift eis wanneggliwt direkt un - Dir fannt all Informatioun direkt nieft eise Fotoen. Mir wiere frou fir eng onverbindlech Diskussioun ze organiseiren. Mateneen keinten mier eng Zesummenaarbecht fir Är spezifesch Erausfuerderungen ze meschteren défineiren.
TrAxxion S.A.
13, rue de Flaxweiler
L-6776 Grevenmacher
Luxembourg
​
+352 691 832503